Hauptmenü
Info
Memberskaart
All Jonken, den t’Jugendhaus besicht oder op Aktivitéiten deelhëlt, muss eng Memberskaart hunn. Dës Kaart kann beim erzéiereschen Personal ugefrot ginn a kascht 3€/ Joer.
Dofir muss de Jonken den Umellungsformular ausfëllen a kritt t’Regelen vum Jugendhaus vum Personal erklärt. Zousätzlech muss all Jonken dëst Règlement ënnerschreiwen, woumat hien sech verpflicht, dës Regelen och anzehalen. Bei Mannerjäregen mussen d’Elteren eng Autorisatioun ënnerschreiwen, dass si Verëffentlechung vun Foto’en um Internet akzeptéieren respektiv ofleenen.